HIERSCHT
BEUSSENT
Op der Plage zu Boulogne. Och hei ware wéi zu Berck d'Séihënn resp d'Robben, awer ze wäit ewech
Zu Boulogne: just an deem Moment, wéi ech d' Kréschel wollt knippsen, huet d' Kréi se opgejot...
Dag 1: Boulogne sur Mer an de Cape Nez Blanc resp Nez Gris
Vum Cap Nez Blanc aus gesäit ee riwwer op d'Kräidfielse vun Dover. Mir waren och op der Plage tëscht deenen 2 Capen.
TSUCHINSHAN-ATLAS C 2023 A3
Laang hunn ech gewaard, datt endlech owes keng Wolléken um Himmel sinn. Leider ass de Koméit scho wäit ewech vun der Äerd and dofir och net méi mat bloussem An ze gesinn. Awer fir d'Foto goung et sou just nach duer.
Dann hoffe mir mol, datt een deen nächste besser gesäit.
HIRSCHBRUNFT ZU DREIBORN AN DER ÄIFEL
Hei hu se eng grouss Beobachtungshütt opgeriicht. Et gesäit een immens wäit iwwer den ehemolegen Truppenübungsplatz.
A vun iwwerall kommen Hirschen a Kéi. Freides owes am Däischtere stounge se op 20 m vun eis ewech. An och am Dag, nomëttes, ware se relativ no bei der Beobachtungsplaz. Eng immens flott Plaz fir se ze kucken an ze lauschteren.
EE KANNERDRAM GËTT WOUER
Nodeems leschte Méindeg just Hirschen ze gesi waren, huet sech e Samsdeg no Vakanz an Island, Vulkanausbroch a Polarliichter
mäi 4. Kandheetsdram erfëllt an ech hu wëll Wëllef gesinn. Ech war dee ganzen Dag an der Aussichtshütt an owes um 18 h 30 koumen 2 eejähreger de Bierg erof gelaf. Schued datt et net éischter war. Si ware wäit ewech. Soss wären d'Foto sou gi wéi déi mam Hirsch, dee mat de Kéi op der Plaz stoung, iwwer déi d'Wëllef erof an de Bësch gelaf sinn.
BRUNFT AM PARC ANIMALIER ZU HAN SUR LESSE
VU 7 - 11 h 30 BEIM BÄRENGEHEGE. VUN EE PUER SÄITEN HU SE GERÖHRT. MIR KRUTE SOUGUER EE KLENGE KAMPF ZE GESINN.
LEIDER ASS D'BRUNFT ERIWWER AN OCH D'VISITE GUIDÉEN HU LO OPGEHAL. NÄCHST JOER NEES...
E KONNT NIE LAANG LEIEN A SECH ERHUELEN: WELL VERSCHIDDE WEIBERCHER SI BEI EE VUN DEENEN 2-3 ANEREN HIRSCHE GELAF. DANN HUET DE JEWEILEGEN HIRSCH PROBÉIERT SE ZERÉCK ZE JOEN. DAT ASS OCH DEM PLATZHIRSCH GESCHITT: ENWEDER ET ASS ENG HIRSCHKOU FORTGELAF ODER HIEN HUET MAT SENGER STËMM ENG IWWERZEEGT, DATT HIEN DÉI BESSER GENE HUET.
DEEN 1 HAT SECH AM BËSCH "VERSTOPPT", AN DE PLATZHIRSCH KOUM DIREKT A SENG RICHTUNG AN HUET IWWER RÖHREN GEDROHT, WAT DEEN ANEREN NET GESTÉIERT HUET, DEEN HUET DIREKT GEÄNTWERT.
DE PLATZHIRSCH PASST OP SÄIN HAREM OP. RÖHREN HUET VERSCHIDDE BEDEITUNGEN: REVIER VERTEIDIGEN, HAREM BEI SECH HALEN, "ET ASS MÄIN HAREM", ... WANN DAT NET DUERGEET, DA GI SE UNENEE MAM GEWEIH. SI WËSSEN AWER, DATT DAT GEFÉIERLECH ASS, IWWERDREIWE MEESCHTENS NET AN HALEN NO KUERZER ZÄIT OP. DUERNO LAFE SE EE STÉCK EEN NIEWT DEEM ANEREN AN DA GEET JIDDEREEN ZERÉCK BEI SENG WEIBERCHER. KÄMPF SINN ÉISCHTER RAR.
WËLLKOMM AM "RESTAURANT WILDE KARDE"
17. SEPTEMBER MOIES UM HALLWER 6 - MAGISCH
Owes war näischt gemeld... moies kucken ech op den Handy an ech hat ee KP !!! Sou séier hat ech de Fotoapparat nach nie um Stativ. Leider hat ech net genug Zäit fir alles richteg anzestellen, ech hu musse schaffe fueren. Mee ech hunn och e puer Fotoe mam Handy gemaach an déi si besser ginn.
12. SEPTEMBER OWES BEI ENGEM KP 5
GEDËLLEG WAARDEN
MOUND MAT FLILEK VUN DER EOLIENNE
D´Zacken am Flilék si bei den Eilen ofgekuckt. Deenen hir Plommen un de Schwinge sinn och sou gezackt. Doduerch fleie si bal vollkommen ouni Geräischer ze maachen. D´Zacken si just um baussechte Beräich vum Flilék vun der Eolienne, well de Flilék do am séierste rotéiert an doduerch ee grousse Wirbel entsteet. D´Zacken zerleeën de Wirbel an et entsteet "ein laues Lüftchen" an dat héiert ee kaum.
OCH DAT ASS SPÉITSUMMER
Impressionant Wollékeformatiounen mat enger immenser Reefront a Blëtzer aus allen Himmelsrichtungen
EE KLENGT KONSTSTÉCK A MENGEM GAART
eMOIES IWWER HEISCHENT AN DOL
Et ahnt een d'Éolienne méi wéi ee se gesäit. Eng immens Stëmmung moies géint 7 Auer iwwer dem Sauerdall.
WONNERSCHÉINE SPÉITSUMMEROWEND
Et ahnt een d'Sonn nach, si ass bal fort.
An eemol gesäit ee souguer Sonnerflecken. Eng Phase wou d'Sonn nees immens aktiv war an hirem Zyklus. Hätt trotzdeem net geduecht, datt ech d'Flecken op der Foto gesinn
SUNSET VIRUM BLUE MOON
POLARLIICHTER AM AUGUST
Nodeems deeglaang staarke Sonnestuerm war an de Wäert fir Polarliichter just am Dag héich war, hat ech keng Loscht sonndes géint Mëtternuecht no Polarliichter ze kucken. Ech hunn net dru gegleewt der ze gesinn.
A wéi ech da gelies hunn, datt der an der Schwäiz gesi goufen, ....
Méindes gouf et dann ee ganz staarke Stuerm an d' Partikele waren och ganz séier Richtung Äerd ënnerwee. An nees, ee kp 7 moies, Frust. Mee am Laf vun Nomëtteg sinn d'Chancen der owes ze gesinn ëmmer méi geklomm.
Dat well e puer Wellen hannerneen ukoumen.
Et huet da bis 22:40 gedauert. Zäiteweis war just nach ee kp 5, deen awer dann nees erop op 6 goung. An da goung et lass. Do huet ee sou lues déi éischt Faarw gesinn, rosa. Da war den Himmel mauve, uewe bei der Mëllechstrooss an da koum um Horizont de "Rido". Dës Kéier just am Norden ze gesinn. An och net mat bloussem An an och net iwwer d'Kamera vum Handy. Net mol am Display vum Fotoapparat, mee just op de Fotoen huet ee se gesinn. Dofir ware se leider net staark genug.
Wéi ech heemkoum a wéi ëmmer an nach den Norden gekuckt hunn, war do een diffuust wäisst Liicht. A well ech wosst, wat dat heescht, hunn ech d'Kamera op de Wee gestallt. Dee Moment muss de Wäert nees op kp 7 gewiecht sinn, well lo huet ee se occh am Display gesinn.
Op e puer Fotoen (z.B. Nr 3) gesäit een och Stäereschnäize vun de Perseiden, dënn wäiss Strëcher. Déi Strëcher mat roude Punkten dra si vun de Blénkluuchte vun de Fligeren.
MOUND AN EOLIENNE
SUNSET ZU HEISCHENT
Hunn zoufälleg no lénks gekuckt. Vu hei uewen aus gesäit een d' Héichhaiser vum Kierchbierg. De Sonnenënnergang huet sech an de Fënstere gespigelt. Leider net schaarf ginn... mee beandrockend.
OP DER JUEGD
Och ee Jonken, net wäit ewech vun deenen aneren ...
JONK FIISS
Si hate mech gesinn a sinn an de Mais gelaf. Deen hei huet éischt mol nach ee Maulef gefaang a gefriess. Duerno huet e gekuckt, wat ech géif maachen. No enger Zäit ass e ronderëm gebëselt an ass dan oh an de Mais.
NACHTLEUCHTENDE WOLKEN
Déi entstinn duerch eng Usammlung vun Äiskristaller iwwerhalb vun der Mesosphäre an der Mesopause. Do gëtt den absolute Temperaturminimum vun der Erdathmosphär erreecht. Si sinn an enger Héicht vun 81 bis 85 km. Et kann ee se just eng kuerz Zäit gesinn, vun Ufank Juni bis Enn Juli, wäit no Sonnenënnergang tëscht 22 an 23 h oder moies an der Dämmerung vun 3 - 4 Auer, meeschtens am Nordwesten bis an den Nordosten. Ganz genau ass den Ursprong vun de Kristallisatiounskären nach net gekläert.
Op alle Fall ganz schéin ze kucken.
BEIERFRËSSER
Wéi ech virun enger Zäit no hinne kucke war, ware si ganz aktiv beim Nowuess maachen.
D'Männchen huet dem Weibchen "Brautgeschenker" bruecht a si hu sech gepaart.
Hoffen déi Jonk hunn dat naasst an deelweis kaalt Wieder iwwerlieft.
BLAUER NATTERNKOPF a KARTHÄUSERNELKE
ISLAND 2024
3 wonnerschéi Wochen an engem wonnerschéine Land.
Wat Géigende betrëfft, waren déi dëst Joer vill méi schéin wéi 2023.
Den Oste mat senge Gravelroads, all d'Fjorden an deenen ech war, kleng Hallefinselen, ... ee Genoss.
Och am Nordoste resp Nordweste war et immens.
A mat Logementer hat ech Chance. Eng Rei "in the middle of nowhere" - abgeschieden a roueg, déi aner an der Uertschaft oder um Rand, genau sou roueg.
Kee Kaméidi op der Strooss duerch Autoen, et mengt ee bal, hei géif nuets net gefuer ginn.
ÉG HLAKKA TIL AÐ VERA KOMA AFTUR TIL ÍSLANDS.
Westfjords - ech kommen.
An och d'Strooss 590 - SKAÐSSTRÖND - wäert ech nach eemol fueren, an dann déi kleng Dierfercher besichen.
Alles iwwer d'Sagaen kucken a ganz sécher iergendwou do schlofen.
WHALE WATCHING TOUR ZU REYKJAVÍK - KADO VU MENGER SCHWËSTER
Leschten Dag bei ganz schéinem Wieder a wéineg Wand.
Eigentlech war mäin Tour fir 11 Auer virgesinn. Mee iergendwéi hunn ech de Moie gemengt e wär um 12 Auer.
Ech konnt dann um 13 Auer matfueren.
WAT ENG CHANCE, DATT ECH MECH GEIRRT HUNN!!!!
ECH HUNN NACH NIE EE WAL GESINN DE KAPP RAUSSTRECKEN!
A VIRUN ALLEM AN DAT WAR EE SUPER MOMENT: ECH WOLLT EIGENTLECH AM SCHIED D' FOTO VUM KAPP KUCKEN.
ALSO SINN ECH OP DÉI ANER SÄIT VUM SCHËFF GAANG.
A JUST DEE MOMENT SPRÉNGT HIE VIRU MIR AUS DEM WAASSER!!!
EE SUPER ERLIEFNIS!!!
SÄIN OTEMLACH ASS WIERKLECH GROUSS. ET "FAUCHT", WANN HIEN OTEMT.
HIEN HUET DE KAPP NIEWT DEEM ANERE WHALE WATCHING SCHËFF AUS DEM WAASSER GESTRECKT, NODEEMS HIEN ENG ZÄIT NIEWT DEEM WAR, OCH ZIMLECH NO BEI EIS.
D'GUIDIN MENGT, HIEN HÄTT EVTL E BËSSE GEDÖST, AN HÄTT DA GEMIERKT, DATT HIEN NO BEIM SCHËFF ASS.
D'KAPITÄNE VUN DE SCHËFFER SI GANZ RESPEKTVOLL. SOUBAL EE WAL GESICHTET GOUF, FUERE SE A SENG RICHTUNG. AWER DANN ASS STOP AN DE MOTOR GËTT AUSGEMAACH.
WANN EEN DE WAL NET DUERCH D'SPRUTZE BEIM OTEME FONNT HUET, DANN EVTL DODUERCH DATT EEN ENG VU SENGE FLOSSEN AM WAASSER GESINN HUET. DÉI SINN NET BLO MEE WÄISS, D'WAASSER REFLEKTÉIERT JUST DROP.
AM HAFE WARE VERSCHIDDEN ZORTE JELLISKÄPP.
NODEEMS ECH DE WAL ANHAND VU SENGEM BLOSEN ENTDECKT A GEMELD HAT, HUET D'GUIDIN DELFINER GEMELD.
GROUSS BAUSTELLEMASCHINNEN
Bei hinne steet net nëmmen:
ARTU VARLEGA, PABBI VINNUR HÉR - SEI VORSICHTIG, PAPA ARBEITET HIER
Mee um selwechte Chantier e puer Meter méi wäit
ARTU VARLEGA, MAMMA VINNUR HÉR - SEI VORSICHTIG, MAMA ARBEITET HIER
NUMMERESCHËLDER AN ISLAND
Niewt den normale Schëlder gëtt et hei och personaliséierter.
Ënner anerem gesinn:
KEFBUS - um Transfer Minibus vum Flughafen
LENNON
BE2CUTE
an aner Nimm
VIÐEY
Kleng Insel viru Reykjavík op déi ee mat enger klenger Fähr vum Kreuzfahrthafen Sundahöfn aus kënnt.
Entstan ass se aus engem Vulkan a louch duerch d'Äiszäit vu virun 9000 Joer ënner Waasser.
Schonn am 10 Jht besiedelt ginn.
Vun 1225 bis 1539 war hei ee Klouschter vun den Augustiner.
1755 gouf hei fir de Skúli Magnússon dat éischt Haus aus Steng an Island gebaut.
1959 ass der leschten Awunner fortgaang an d'Insel ass vun do un net méi bewunnt.
1774 geweiht ginn, ass et déi 2.eelst nach bestoend Kierch an Island. Si huet déi eelst nach erhalen Ausstattung vun allen islännische Kierchen.
Hei befënnt sech den "Imagine Peace Tower", ee Lichtkunstwerk, dat 2007 hei vum John Lennon senger Fra Yoko Ono zu sengem Undenken erriicht gouf. Op sengem Gebuerts- an Toudesdag gëtt vun engem wäisse Steendenkmal eng Liichtsäil an den Himmel projezéiert.
Um Denkmal steet a 24 Sproochen: "Stell dir fir et ass Fridden". (Hat awer dofir leider keng Zäit méi)
Hei stinn och "Áfangar" - Meilensteine, eng aner Kunstausstellung.
Etwa 30 Vullenzorte bréien hei.
Gutt datt d' Mécken op de Planze sëtzen ...
Ee Wisepiipsert ... an ee schéine Steen.
VERRÉCKT! ZOU SUNDAHÖPN - DEM KREUZFAHRTHAFEN VU REYKJAVÍK
Risegrousst Croisièresschëff an engem aneren Hafen - dem Sundahöfn - zu Reykjavík. D'"Norwegian Prima"
Fiert ënnert der Flagge vun de Bahamas
730 Mio Euro Baukosten
1388 Mann Besatzung,
294 m laang, 41 m breet
20 Decks
1646 Kabinnen a 35 Kategorien agedeelt, Suiten no bei Privatlifter, 9 Decks mat Kabinnen
Zougelooss fir 3215 - 3950 Passagéier
Wasserfall iwwer 2 Stäck
Natierlech vill Pools, Saunas a Spa, 15 Restaurants, 14 Bars an nach villes méi
Seet vu sech selwer lo schonn d'Norm vun 2025 z'erfëllen: filteren 98% vun de Schwefeldioxide an 90% vun de Stickoxide raus.
Fiert de 25.7. zu Reykjavík fort mat 2 Statiounen an Island, iwwer Norwegen (3 Statiounen) iwwer Ansterdam an ass de 3.8. zu Zeebrugge an dann de 4.8. zu Southampton.
SVARTSENGI - "BLACK MEADOW"
Dat ass d' Gewan, op der d'Powerplant an niewendrunn
d' "Blaue Lagune" sinn.
Ënnert der Powerplant hiewt de Buedem sech lues a lues weider. Magma fëllt d'Magmakummer weider op.
Bis lo - 25.7. - si schonn nees méi wéi 13 Mio m3 dran. Bleift ofzewaarden, wéivill Magma dës Kéier gebraucht gëtt, bis sech genug Drock opgebaut huet fir Eruption Nr 6 an deem Beräich.
Hu se nom Enn vun der laanger, déi am Mee ugaang war, nach gemengt, et géif méi spéit am Summer ginn,
rechene se lo an den nächsten 3 - 4 Wochen domat.
DOFIR:
Et gëtt weider geschafft. D'Berms ginn nach méi héich gebaut, resp et gëtt nach een neue bannendra gebaut,
well beim leschten Ausbroch Lava driwwer gelaf war.
D'Power Plant muss onbedingt virun der Lava geschützt ginn, well si Stroum, waarmt Waasser an Heizung fir 30 000 Mënsche produzéiert.
An och "d'Blaue Lagune" muss geschützt ginn, well déi onheemlech vill Geld abréngt, dat ganz Island zegutt kënnt.
OLD MEETS NEW
Iwwer 800 Joer ass an dësem Deel vun Island kee Vulkan méi ausgebrach. Déi al Lava ass lo a villen Deeler vun dëser Plaz mat neier Lava bedeckt, rsp. aler an neier sinn niewentenenn.
D'Berms si gewalteg.
Et kann een op deem Stéck Strooss parken, dat vun
der Lava iwwerschwemmt gouf. Et kann ee bis bei d'Lava goen a sech se vun no ukucken. Haut stoung do
"zou", nee mir hunn zu puer awer gekuckt.
Et kënnt een ouni Problem dohinn. Well den Ausbroch eriwwer ass, ass d'Strooss net gesperrt. Ech hat awer gemengt, do wou se déi nei Strooss gemaach hunn, géif eng Kontroll stoe fir ze kucken, ob een eng Reservatioun fir d' "Blaue Lagune" huet.
Mee och do steet keen. Ech sinn da laangsch de Berm Richtung Lagune gefuer an da lénks era Richtung "Nothern Light Hotel". Do fiert een duerch eng Öffnung am Berm. Niewendru leit ee grousse Koup Schotter fir zou ze maachen, wann nees Lava kënnt. Och do stoung kee fir ze kontrolléieren.
Vläischt maache se dat just, wann eng Eruptioun amgaang ass an d'Evakuatioun nees opgehuewen ass.
Eenzeg beim grousse Parking huet een en Auto mat orange Luuchte gesinn. Dat ass d'Strooss fir op Grindavík an do kann een net ran, just wann een do schafft, puer Leit , déi awer do wunnen an d'Press.
Eenzeg an alleng Helokoptere si permanent iwwer dee ganze Beräich geflunn. Si behalen d'Eruotiounsplaz am An.
Zwar kënnegen massiv Äerdbiewen een Ausbroch un. Mee vläischt gesi si doduerch méi séier, wou en ass. Well jenodeem wou,
hu si net immens vill Zäit fir d' "Blaue Lagune" a Grindavík z'evakuéieren.
Wee iwwer den Damm
Plazeweis leit déi nei Lava meterhéich. Et ass och net just Lava vum leschten Ausbroch. All neien Ausbroch bréngt nei Lava, déi iwwer déi al driwwer leeft an doduerch gëtt dat ganzt Lavafeld ëmmer méi déck, wouduerch d'Gefor méi grouss gëtt, datt se iwwer d' Dämm leeft.
Dat war beim leschten Ausbroch geschitt. Eigentlech war se kuerz virun der Strooss stoe bliwwen. Mee well sech beim Krater ee Lavaséi gebild huet, dee vun Zäit zu Zäit iwwergelaf ass - dat huet sech e puermol widerholl - ass nees méi Lava a Richting Strooss. A si ass eben iwwer de Berm gelaf, well se ënnendrënner schonn immens héich war.
Si hu se direkt mat Waasser ofgekillt, datt se net méi sou séier leeft an hunn direkt den 2. Berm hannendru gebaut.
Dee Moment war d' Lava just nach 900 m vun der Powerplant ewech.
Dee Rescht vun der fréierer Strooss, déi um riichte Wee op Grindavík a Richtung "Blaue Lagune" goung.
Wéi d'Lava déi éischte Kéier iwwer d'Strooss gelaf war, hu se gewaard, bis d' Lava sech ofgekillt hat, an dann hu se einfach eng nei Gravelroad driwwer gemaach. Lo war awer sou ee groussen Deel iwwerschwemmt, datt se eng nei Gravelroad gemaach hunn. Dat ass lo keng direkt Strooss méi fir bei d' Powerplant an d'Blaue Lagune, mee si féiert bausse laangsch den Damm an et ass eben och kee Makadamm méi.
D'Elektroleitungen hu mussen nei gemaach ginn. Trotz Damm hat se Feier gefaang. Lo sti se op de Berms.
Hei hu se och bannendran een Damm gebaut.
Fräien Zougang fir bei d'Hoteller vun der "BLÁA LÓNIÐ - BLAUE LAGUNE".
Am Fall, wou d'Lava nees an dës Richtung leeft, gëtt alles, war niewendru läit, op d'Strooss getesselt.
DÉI SCHÉI SÄIT VUM REEN
MELRAKKI - DE POLARFUUSS
Eng Guidin huet eis de Sécherheetsgurt fir an de Lift erkläert. Duerno sot se, wa mir raus bei d'Toilette géife goen, kéint et sinn, datt mir ee klenge Polarfuuss gesinn. Mir sollte hien net upaken an oppassen, datt hien net zur Dier rakënnt.
A wéi mir zeréckkoumen, war hien do. Endlech hunn ech ee Polarfuuss gesinn.
Deen hei ass ee Weesekand. Si fidderen hie mat Babyhundefutter. No an no kritt hie manner, fir datt hie léiert, sech selwer eppes sichen.
ÞRÍHNÚKAGÍGUR - "THREE PEAK CRATER"
De ÞRÍHNÚKAGÍGUR ass ee sécheren, schlofende Vulkan, deen 3x ausgebrach ass. D'Lava ass 15 km déif ënnert der Plaz, op der mir banne stoungen.
Et ass anscheinend weltwäit deen eenzege Krater an deen ee ragoe kann.
Viru 4500 - 5000 Joer ass hie fir d'lescht ausgebrach.
Vum Treffpunkt an der Hütt bei der Strooss um "Blábjörg - Blo Bierger" geet et 3,5 km, 40 Min ze Fouss duerch eng vu Lava geprägte Landschaft.
Leider vill ze vill Reen a Wand, keng Foto méiglech.
Wéi mir ukoumen, kal an naass, gouf et éischt eppes waarmes ze drénken. An nom Krater gouf et nees waarmt Gedrénks an eng lecker Zopp, entweder vegan oder mat Fleesch. Chance, et war lecker islännesch Schofszopp.
Iwwer dem Krater hänkt ee Lift, wéi Fënsterbotzer en hunn. Dat ganzt Material fir ze bauen gouf vun Helikopteren rop bruecht.
Vir dran ze kommen, geet een iwwer eng "Bréck", do gëtt ee man Gurt ageklickt an am Lift ass een och geséchert.
An da fiert ee gemittlech rof.
De Krater ass enorm grouss: 120 m héich bis op d' Plaz op der den ukënnt an do wou ee rausklëmmt, ass de Krater 50 x 75 m grouss.
Et geet awer nach 80 m méi déif rof.
D'Freiheitsstatue géif ganz erapassen an och déi gréisste Kierch vun Island an 2. gréisstend Gebai am Land, d' Hallgrímskirkja.
Bannen ass ee Wee, deen ee goe kann, eemol ronderëm.
D'Wänn si beliicht a sinn immen schéi faarweg.
Giel duerch de Schwiefel, rout vum Eisen, schwaarz Lava; d'Steng sinn aus Basalt.
Op der 6. Foto gesäit ee vun ënnen déi 4x4 m grouss Krateröffnung. Op der 9. Foto ass eppes wéi Lach. Si wëssen net genau vu wou dat kënnt, denken awer datt et vun enger Gasexplosioun ass.
DÉI GRÉISSTE SCHNELL-LADE- STATION FIR E-AUTOË STEET ZU KEFLAVÍK
Hei sinn 20 Statiounen!!
ISTAY COTTAGES
Meng Schlofplaz fir déi lescht Deeg Vakanz. Am Agang/ Ausgang vum Duerf sinn 8 kleng a grouss Schlofhaisercher. 2 Better, Dësch mat 2 Still, Kommoud. Vue an d' Natur no hannen, bei mir ka kee rakucken. Super modern a propper Duschraim mat Toilette.
A super equipéiert Kiche fir selwer ze kachen, 2 Frigoe fir d'Iesswueren, déi ee matbréngt an deen aneren, an deem Saache sinn, déi een huele kann. Am Ufank huet dat mat der Buedzëmmer resp Toilette mech irritéiert.
Mee dann ass mir agefall, datt se zu Wooltz um Camping och sou mini Haiser hunn.
Op ville Plazen am Süde vun Island gi Chaleten opgeriicht.
VELKOMIN Á JARÐHITASÝNINGUNA Í HELLUSHEIÐAVIRKJUN ORKU NÁTTÚRUNNAR
WILLKOMMEN IN DER GEOTHERMUE-AUSSTELLUNG IM HELLISHEIÐI - KRAFTWRRK DER NATURENERGIE
Wa si nei Pipeline verleeën, hale si d'Moos. Deem mécht länger Dréchenheet näischt aus.
Duerno gëtt et mat Bottermëllech vermëscht. Déi stabiliséiert d'Uewerfläch, wierkt wéi Pësch an ass Dünger. An da gëtt Buedem iwwer d'Pipeline geluecht an d'Moos nees ugeplanzt.
Vum Kraftwierk bis op Reykjavík sinn et 25 km. Op der Streck ginn an der Pipeline just 2 Grad verluer.
D'Waasser kënnt mat 80 Grad beim Verbraucher un.
99,9 % vun den Haushalter zu Reykjavík gi mat Geothermie gehëtzt.
D'Läengt vum Heizsystem an der Ëmgéigend vu Reykjavík entsprécht der Distanz Reykjavík - Mailand : 3000 km.
Ölkrise 1970: banne just e puer Joer ass de Verbrauch vu geothermescher Energie an Island vu 50 % op 85 % geklomm.
Awer d'Kraftwierk suergt net just fir waarmt Waasser, Stroum an Heizung.
Zesumme mat der Tochterfirma "Carbex" hu si 2006 eng Technik entwéckelt fir CO2 a
Steen ëmzewandelen a gefahrlos ze stockéieren.
Dofir brauch Carbfix 3 "Zutaten": Waasser, CO2 a Basalt.
Den CO2 gëtt mat Waasser vermëscht, sou wéi am Sprudelwaasser- Apparat.
Duerno gëtt dat Waasser déif an de Buedem an de Basalt gepompelt. Beim Kontakt Waasser - Basalt ginn Eisen, Magnesium a Kalzium fräigesat. Déi reagéiere mam CO2 a bilden da stabil Karbonmineralien, déi Poren a Rëss fëllen.
Den CO2 gëtt dauerhaft gespäichert. En ass zu Steen ginn.
Si sinn awer nach méi innovativ ginn:
DAC: Direct Air Capture heescht d'Erfindung.
Si hu Filteranlage gebaut, déi den CO2 direkt aus der Atmosphär rausfilteren resp. aus der direkter Ëmgéigend vu Fabriken.
Dës speziell Filteren huelen den CO2 op a wa se voll sinn, gi se op 100 Grad erhëtzt,
den CO2 gëtt geléist an da behandelt, wéi uewen erkläert.
An da wäert bis 2031 de Coda Terminal fäerdeg sinn.
Dat ass der weltwäit éischte Mineralspäicher- Knotenpunkt zu Straumsvík.
Si wäerten CO2 aus Europa an Island transportéieren, hiren eegenen och an deen dann och all a Stee verwandelen.
Sou gesi se aus.
Hei hannendru gi se fort.
NEI ËNNERIERDESCH DAMPFLEITUNGEN
Wéi ech laangsch dee Chantier gefuer sinn, hunn ech geduecht: "Géi mol kucken, wou déi hirkommen"
Gutt Iddi, well d'Powerplant huet eng interessant Ausstellung.
Déi kann ee sech op den 2 Etagen alleng mat Audioguide iwwer den Handy oder mat enger
Führung ukucken. Ganz interessant a lehrreich.
LANDEPISTE im NIRGENDWO
Un der Ringstrasse fir an d'Skigebidd Bláfjöll - "Blaue Berge"
GLETSCHERFLOSS 2
Wäit brauche se net ze fueren, wa se Schotter brauchen, d'Baggere musse just bis an d'Flossbett an da lass.
GUESTHOUSES
Oft gesinn d'Guesthouses vu baussen al a verwittert aus. Ausser natierlech ganz neier. Awer bannendra si se top. Zum Deel - wéi hei mat - Gemeinschaftsbad, oder jiddereen huet seng Toilette mat Dusch. Eng Rei huet méi eng kleng Kichen, anerer grousser. Iwwerall kann ee gratis Téi oder Kaffi huelen. Et kann een alles an der Kiche benotzen, wann ee kache wëll.
An an all islänneschem Guesthouse muss een am Agang seng Schong stoe loossen. Hei hu se dee gréisste Schongläffel, deen ech je gesinn hunn.
RAMM - KOLKRABE
Zu Lëtzebuerg kënnt een net sou no run.
SCHÉINE SONNENËNNERGANG
SELJALANDSFOSS
"Foss" heescht Waasserfall a Seljaland "Verkäufer- oder Handelsland"
De Floss Seljalandsá kënnt aus dem Eyjafjallajökull a fällt hei 66 m rof iwwer déi fréier Klippe un der soss d' Mier ënnendrënner war.
En ass - wéi vill aner Waasserfäll un der Südküste - duerch Landhebung no der Äiszäit entstan. Da leeft en an d'Überschwemmungsebene vum Markarfljót a mündet dann e puer honnert Meter weider an d'Mier.
Et kann den hannendrun duerchgoen, vun enger Säit op déi aner. Awer et war vill Loft - ech hu verzicht.
Well ech wollt net geduscht gi wéi déi 2 op der Foto.
Mech faszinéieren d'Gletscherflëss ëmmer nees. D'Mündung Richtung Mier ass riseg. A ville Flëss ass am Moment net vill Waasser. Entweder et ass gro vun de Sedimenter oder kloer. An et leit enorm enorm voll Schotter am Flossbett.
MAKARFLJÓT
Dat ass een 100 km laange Floss, deen aus dem Gletscher Mýrdalsjökull kënnt. Dat ass seng Haaptquell. Een aneren Deel vun him kënnt aus dem Eyjafjallajökull an een aus dem Tindafjallajökull sou wéi aus dem Torfajökull Déi gréisste jemools gemoosse Wassermenge war 2100 m3/ Sekonn am Joer 1967, verursacht duerch ee Gletscherseeausbruch, haut Gletscherlauf genannt.
KERLINGADALSÁ
SÓLHEIMAJÖKULL - "SONNENHEIM- GLETSCHER"
De Sólheimajökull ass eng Gletscherzong vum Mýrdalsjökull - "GLETSCHER DES SUMPFIGEN TALS - deem südlechste Gletscher.
An deem Gletscher ass de Vulkan KATLA - "KESSEL" - dran.
En ass 10 km laang, 1-2 km breet an d'Äis ass 60 m déck. Aus dem Gletscher entspréngt de Floss Jökulsá á Sólheimsandi.
Well deen enorm nom Schwefel aus dem Vulkan sténkt, gëtt en och nach FULILÆKUR - STINKEBACH - genannt.
Déi schwaarz Faarw - Äschen - kënnt duerch 2 Vulkanausbrëch. Vum Eyjafjallajökull 2010 awer haaptsächlech vum Katla.
Dat ass ee vun den aktivsten an explosivste Vulkaner an Island.
Zanter 2010 maache Schoul- a Lyceeskanner all Joer Miessungen.
Wéi si ugefaang hunn, hu si ee Schëld opgestallt. Dee Moment war de Gletscher 318 m wäit vum Schëld ewech.
Zanter den éischte Miessungen - 1931 - ass en ëm 1255 geschrumpft.
An e schrumpft - wéi all d'Gletscheren op der Welt bedingt duerch de Klimawiessel ëmmer méi.
1931 - UFANK VUN DE MIESSUNGEN
Do wou haut de Container vun de Guides steet, war domools de Gletscher, 1255 m méi laang wéi lo.
Vum Schëld ewech ( 2. Foto ënne lénks am Bild):
2010: 318 m
2012: 400 m
2014: 487 m
15/16: 527 m
17/18: 697 m
18/19: 708 m
2021: 726 m
2022: 763 m
Dat ass enorm voll wann ee bedenkt, wéi breet a wéi déck en ass.
BEACH TOUR
DEN ËMWEE HUET SECH GELOUNT. ECH HUNN NET OP D'AUER RESP DEN NAVI GEKUCKT. ECH MIR DÉI ZÄIT EINFACH GEHOLL, OCH WANN ET EE WIERKLECH GROUSSEN ËMWEE WAR.
KLOFNINGUR
Klofningur heescht "Spalt" an d'Strooss féiert hei derduerch. Ab hei geet et bei déi kleng Dierfercher. Haiser sinn zum Deel op déi unzählbar vill Insele gebaut. Och an deem Deel si ganz vill Vakanzenhaiser - sou wéi am nërdlechen Deel - deelweis gesi se luxuriös aus.
FELLSSTRÖND
Sou heescht dee südlechen Deel.
Dës wonnerschéin Hallefinsel - abseits vun den Touristen- Héichbuergen - gëtt de "Saga Circle of Island" genannt.
Op volle Plaze sinn Hiweiser oder Monumenter op / fir éischt Siedler, bekannt Fraen a Männer an deenen hir Geschicht ...
Niewt dem Haaptwee ginn aner Weeër Richtung anert "Duerf".
Leider hat ech keng Zäit fir an déi kleng Dierfer ze fueren. Mee dat huelen ech eng aner Kéier no, well op der ganzer Hallefinsel gëtt et nach ganz voll immens interessant Saachen: z.B.:
Skarð ass eng historesch Farm op der nërdlecher Säit. Et war ee vun de prächtegsten Häff. Zanter dem 11. Jht liewen hei d'Nokomme vum 1. Bauer, dem Húnbogi Þorgilsson - méi wéi 27 Generatioune sinn dat bis elo!!
SEEADLER
Just kuerz gesinn, wéi een iwwer d'Mier geflunn ass
REGENBRACHVOGEL
Grouss Opregung
WONNERSCHÉIN HALLEFINSEL - SKARÐSSTRÖND
De Besëtzer vum Guesthouse huet gesot, ech hätt eng flott Kamera, ob ech Déiere géing fotograféieren.
Wéi ech jo sot, huet hie gesot, ech soll d'Gravelroad vis à vis vum Guesthouse fueren.
Ech si laangsch dee ganze Fjord gefuer bis bei d'Mier, 70 km allez-retour.
Wat war dat sou wonnerschéin!!!
Grenzenlose Weite, Bierger, Wisen, suppeg Plazen, Waasserfäll, de Fjord.
D'Alpenschneehühner sinn op eemol niewt der Strooss gelaf. An de Gerfalke souz op engem décke Fielsblock direkt un der Strooss.
All puer Kilometer e puer Vakanzenhaiser resp Farmer.
A wéi schonn am Osten: do wou de Schotterwee laangsch d'Haiser geet ass op eemol Makadamm. Awer fir bei d'Haiser nees Schotter.
Eent ass sécher: déi hei Schotterstrooss ass och an der Kategorie: schéinste Wee ever.
An amplaz muer deen direkte Wee iwwer déi normal Strooss ze fueren, huelen ech déi do, och wann ech doduerch méi laang ënnerwee sinn,
ech wëll dee Rescht och gesinn
GERFALKE
Mäin alleréischte Gerfalke. Guernet schei. Ass sëtze bliwwen, wéi ech mam Auto stoe bliwwe sinn.
ALPENSCHNEEHUHN
Dës Kéier net am Géigeliicht
RICHTUNG BÚÐARDALUR
STAARK REEFRONT ZITT RICHTUNG MIER
An der Stat si just virdrun e puer Drëpse gefall.
GRYLLTEISTEN
Iwwerhaapt net ängstlech. Sëtzen direkt beim Wee.
MOORSCHNEEHUHN
Zoufälleg gesi laangsch de Wee lafen. Fir mech een neie Vugel.
DEN HIMMEL BRENNT
Fantastesche Sonnenspektakel no 22 Auer
NORDISCHE WALDHYAZINTHE
Dës unscheinbar awer schéin Orchidee gëtt et just op Island a Grönland. Meldunge vun den Akimiski Inselen a Kanada, vu Manitoba a vun Alaska ginn awer als aner Spezie ugesinn.
Si ass net rar a wiist op fruchtbaren Heideflächen a grasbewuessenen Hängen.
Ech hunn se op der klenger Insel Hrútey entdeckt.
HRÚTEY - "INSEL DES WIDDERS"
Hrútey ass eng Insel am Floss Blanda bei der Stat Blönduós. Den Numm vun der klenger Stat kënnt vum Numm vum Floss - Blanda - an dem Wuert fir Mündung - ós. Blanda heescht Mëschung.
Si ass 11 ha grouss. Zanter 1975 steet se ënner Naturschutz.
Si ass ganz dicht vu Bierke bewuess, ënnert deene vill Vulle bréien.
Et kann een op schmuele Trëppelweeër duerch de Bësch goen oder ganz ronderëm. Dat ass eppes méi wéi 1 km an et geet laang Zäit
laangsch deen 1 Aarm vum Floss. Op der Kopp gesäit een da wou deen aneren Aarm dragelaf kënnt.
Hei ass et nees eemol ganz ganz schéin an herrlich roueg.
KÜSTENSEESCHWALBEN
Bal wéi bei "Die Vögel" vum Hitchcock. Net wäit vum Wee fiddere se a sinn doduerch zimlech ugrëffeg. Eng hat mech an de Kapp gepickt.
Hat awer meng Kap un, hu just ee liichte "Klaps" gespiert.
ALPENSCHNEEHUHN
Mäin alleréischt, leider am Géigeliicht. Awer ech hunn eent gesinn!
SANDREGENPFEIFER JUNIOR
Beim Ausreiden sinn der 3 virun eis um Wee gelaf. War duerno no hinne kucken. Et war just 1 do. Déi kënnen immens séier lafen.
REIDEN UM HAFF HELLULAND - "STEINLAND"
Wat war dat sou schéin. Eppes méi wéi 3 Stonnen ausreiden.
Meeschtens Tölt, e bësse Schratt an op der Plage fatzege Galopp. An dat bei engem wonnerschéinen Himmel, dee mol blo mol voll Donst war. Dat éischt Stéck sinn ech um "Ófeigur - der Unsterbliche" - geridden. Fir iwwer d'Bréck hu mir musse rofklammen. Do hu mir da getauscht.
Ech hunn den "Númi" geholl, well ee mat deem méi schaffe muss fir hien an den Tölt ze kréien. Fir déi aner Reiderin war et méi einfach an den Tölt ze komnen um Ófeigur.
HÉRALDSVÖTN 2
Hei leeft de Vesturósinn an d'Mier. Et gesäit een un der Faarw ganz gutt, wéi wäit hie brauch bis e sech vermëscht huet.
Hei war eng vun de Fähre fir op déi aner Säit. Op der Ostsäit war d'Seel un engem Steen befestegt, op der Westsäit un engem Anker,
deen an de Sand vergruewe gouf.
Déi al Bréck gouf 1926 ageweiht an ass restauréiert ginn.
Fir déi nei Bréck vun 1995 goufen d'Supporten 20 m déif an de Sand gerammt.
AN OCH FIR HEIHI WAR D'STRECK IMMENS SCHÉIN.
GUESTHOUSE KARUNA BEI SAUÐAKRÓKUR - "SHEEP-RIVER-HOOK"
(Den Numm vum Floss ass Sauða a Sauðakrókur weist un datt de Floss hei den Atlantik begéint)
Nees eng roueg Plaz. Si hu Päerd an aner Déieren. Net wäit vun der Strooss weg, awer roueg.
An Island ass iwwer Nuecht op ville Plazen näischt lass.
An déi 1. Kéier eng richteg däischter Kummer!
Nuets um hallwer 11 nach schéi waarm a - wéi ee gesäit (Foto Haus) - hell.
HÉRAÐSVÖTN - "BEZIRKS (GE)WÄSSER"
Dee géif ech eemol mat méi Waasser gesinn.
Zesummefloss vum AUSTARI-JÖKULSÁ a vum VESTARI-JÖKULSÁ ( Ost - a West Gletscherfluss)
Gesamteinzugsbereich: 3650 km2 (Lux: 2550 km2!!!)
Läengt: 130 km
Duerchschnëtt: 111 m3 pro Sekonn
Rekord: 800 m3 pro Sekonn
Am mannsten: 49 m3 pro Sekonn
E leeft als breede Floss duerch den Dall, verzweigt sech beim Fjord an den Austurkvísl an an de Vesturkvísl a schlussendlech münden se als Austurós a Vesturós an d'Mier ( ós = Flussmündung)
Duerch staark Sedimenter, déi vum Gletscher mat rof transportéiert goufen, ass dee ganzen ehemolege Fjord opgefëllt ginn.
Doduerch gouf am Dall Päerdsziichterei méiglech.
Breet, äiskal a mat staarker Stréimung war e fréier ee grousst Verkéiershindernis. Awer scho fréi hu Bauere Fähre mat Booter ënnerhal. Am 19. Jht hu se winzeg mechanesch Kabinneseelbunne gebaut.
A schonn 1892 um Vesturós an 1893 um Austurós hu se Seilfähre gebaut.
EE WONNERSCHÉINEN HALO VUN DER SONN
SKAGAFJÖRÐUR HERITAGE MUSEUM ZU GLAUMBÆR
WONNERSCHÉIN!!
Glaumbær war een ale Baurenhaff. Alles ass aus Torf gebaut. Et geet ee laange Gang duerch d' Gebai a vum Gang aus geet ee lénks a riets a verschidden Zëmmeren. Jiddereen Zëmmer hat eng Funktioun. Sou gouf z.B. an engem Skyr a grousse Fässer gelagert. Et gouf ee Büro, eng Stuff, Schlofzëmmmer, ee Lagerraum, ...
Hei hu schonn 900 Joer laang Mënsche gelieft. Iwwer d'Joerhonnerten hunn d'Gebaier och a Gréisst a Form geännert.
D' Farmhouse gouf schonn 1947 an den "National Museum of Iceland of protected buildings" opgeholl.
BUCKELWAL
Virun der Insel Hrísey hu mir hien entdeckt a konnten him ganz laang nokucken.
D'Delfiner waren awer net méi do.
Op Hrísey liewen 161 Mënschen. Si hunn hir eege Schoul, well am Wanter ass et ze geféierlech, d'Kanner mat der Fähr op d'Festland ze bréngen. Grad mol 6 Kanner ginn - aktuelle Stand - duer an d'Schoul. Et ass déi 2.gréissten islännesch Insel.
Et kann een do och gutt Vulle beobachten, well se do keng natierlech Feinde hunn. Et gëtt 40 Aarten do.
Hrísey gëtt och nach "Pärel vum Eyjafjörður" genannt. D'Insel gouf scho ganz fréi besiedelt.
VERRÉCKT
Wéi ech wollt iwwer eng "einbreið brú" fueren, stoung matten op der eenzeger Fahrspur een décken Jeep. Si stoe bliwwen op der Säit, well dee Chauffeur ass rausgeklomm a bei d'Leit op der Bréck gaang. Vun deenen hat een de Fotoapparat an deen aneren eng Angel. An un der huet ee Fësch zolitt gezunn. Si kucke gaang an dat war ee richteg décke Fësch.
Duerch d'Duerf ass de Chauffeur mam rouden Auto mat oppener Dier hannert sengem Sëtz gefuer an hien huet se mat der lénker Hand duerch d'Fënster bäigehal.
ROUT LUUCHTEN ZU AKUREYRI
D'INSEL GRIMSEY LEIT UM POLARKREES.
Et ass dat am nërdlechste bewunnte Gebitt vun Island. Benannt gouf se nom Grím, laut Landnámabók den 1. Siedler.
Et war der Wäert dohin ze fueren. Vill Vigel, Spadséiereweeër - hunn déi awer net gemaach, well zum Deel net genug Zäit war an och wéinst de Küsteséischmuebelen. Well déi hunn ugegraff, wann s de ze no bei hir Kleng koums.
Kazen an Hënn sinn hei verbueden fir d'Vullen ze schützen.
Mir ware just bei d' Plaz op der duerch d'Kugel de Polarkrees gezeechent ass an nach ee Stéck erof. Ënnerwee hu mir Wale gesinn.
PAPAGEITAUCHER
40 000 Papageitaucher liewen op Grimsey. All Fiels ass vun hinne besat. Mir haten d'Chance se vun no ze gesinn. Si ware fréi u mam fidderen: op Bakkagerði hu se réischt am spéiden Nomëtteg gefiddert, hei scho virun 2 Auer. Et muss ënnen am Mier wimmele vu Fësch. Andauernd souzen der e puer beienee mat klenge Fësch am Schniewel. Dat hunn ech zu Bakkagerði net sou erlieft. An och net, datt si sou laang mam Fësch do souzen, är se an hir Bruthöhle rasinn.
Een ODINSHINNCHE matten op der Strooss.
Viru Grimsey huet ee Kreuzfahrtschëff geankert. Dat klengt Boot ass hin an hir gefuer an ass hanne ragesat ginn.
ËNNERWEE FIR OP DALVÍK
Iwwert dem GOÐAFOSS steet moies fréi kuerz viru 7 Auer er Reebou.
ËNNERWEE A BEIM GUESTHOUSE STÖNG
Schéi Streck mat schéiner Vue op de Fjord. D'Guesthouse Stöng leit circa 5 km vun der Strooss ewech. Hei si just Vakanzechaleten an dat grousst Guesthouse mat engem leckere Restaurant.
EYJAN -"DIE INSEL"
Vun dësem Bierg aus gesäit ee Richtung Ásbyrgi.
Biergplateau mat immenser Vue Richtung Canyon an op d'Ebene am Norden. D'Fielswänn fale senkrecht rof, unbezwingbar.
Een einfache Wee geet rop an da geet et flaach weider bis vir un d'Spëtzt.
Ásbyrgi ass een hufeiseförmige Canyon am Nationalpark Jökulsárgljúfur. D'Schlucht ass 100 m héich am banneschten Deel.
Entstan ass se a mindestens 2 Phasen virun 8000 - 10 000 an nach eemol virun 3000 Joer duerch enorm Gletscherfluten vum Vatnajökull mat bis 200 000m3 pro Sekonn. Zanter der Zäit leeft och de Floss Jökulsa an eng aner Richtung nämlech an den Osten.
Hei ass der Mythologie no och d'Haaptstat vun den Elfen, dem "geheime Volk".
An der Mythologie gëtt d'Entstehung awer anescht erkläert:
den Odin ass op sengem 8-beenege Päerd Sleipnir hei laangsch komm. De Sleipnir huet mag engem Fouss de Buedem beréiert an doduerch ass déi hufeiseförmig Schlucht entstan.
Ee Sandregenpfeifer huet vu senger Nistplaz resp senge Klengen ofgelenkt an ass séier viru mir iwwer de Wee fortgelaf.
Déi aner 2 sinn Austerfischer - Elterendeel a Jonken. D'Elteren hunn zimlech vill Kaméidi gemaach, wéi ech uewen um Wee laangsch goung.
1 vun deenen no deenen ech hei an Island ëmmer kucken - den Eistaucher.
RAUÐINÚPUR - "ROTES KAP"
Hei kënnt een no bäi bei Basstölpel. An et gëtt nach eng Rei aner Vullen, z.B. d'Schneeammer.
HRAUNHAFNERTANGI - "LAVA-HAFEN-KLEINE HALBINSEL"
De Leuchtturm steet op der nërdlechster Plaz vum Festland. Offiziell ass awer Riftangi déi
geografesch nërdlechst Plaz. Well awer d'Touristen sech iwwerschätze mam Wee, mam Wieder a mat der Einsamkeet, hunn d'Rettungsteams oft musse raus fir se a Sécherhert ze bréngen. An well déi Leit da musse vun der Aarbecht fort op den Asaz goen, huet et ëmmer laang gedauert, fir een Tourist an Nout sichen ze goen.
An dofir ass dat hei lo déi nërdlechst Plaz.
NET SOU SCHÉIN
Bis lo war ech nach nie an engem Land, an deem bal kee Knascht an der Natur läit. Awer leider gëtt virun allem un der Ostküst resp och méi am Norden net just Holz aus Sibirien ugeschwemmt mee och alles, wat op wéi eng Manéier och ëmmer, an d'Mier rakënnt. Grouss Plastikdeeler, Fëschernetzer a villes méi.
Ech hunn och e puermol Sammelplaze fir Schrott an al, futtis Autoe matten an der Natur gesinn.
HALLEFINSEL LANGANES - "LANGE HALBINSEL"
Iwwer 30 km laangsch eng Küst, déi voll Treibholz aus Sibirien awer och voll Plastikmüll aus dem Mier läit, geet et
iwwer eng F Strooss bei eng Plattform iwwer engem Fiels am Waasser. Hei ass déi 2. gréisste Kolonie vu Basstölpel an Island. Och Trottellummen, Tordalken an Dreizehenmöwen an e puer Papageitaucher liewen do. Well mäin Auto net dofir gemaach ass, ech awer onbedingt dohi wollt, hunn ech ënnerwee geparkt an dann eng eeler Koppel ugehal a gefrot, ob si mech géife mathuelen.
De Vullefiels heescht Skoruvíkurbjarg. D'Plaz gëtt och Stóri Karl - "Grosser Mann" - genannt.
Duerno si mir op Skálar gefuer. Dat ass er verloossent Fëscherdierfchen, vun deem just nach e puer Ruinen iwwrig sinn. Et sinn d'Reschter vun enger viru laanger Zäit "blühender" Gemeng, der hiere Liewensënnerhalt vum Mier ofhängeg war.
Well d'Fëscherei an d'Transportbedingunge geännert hunn, Séiminen explodéiert sinn an aner Saachen derzou koumen,
ass d' Duerf 1950 verlooss ginn.
Eng zimlech grouss, total einsam Hallefinsel am Nordoste vun Island, déi op der Landkaart d' Form vun enger Int huet.
TROTTELLUMMEN
BASSTÖLPEL
ROBBE VS MÉIWEN
Zur richteger Zäit op déi richteg Plaz gekuckt.
1/2 Stonn laang goung dee Spektakel. All Kéier hunn d'Méiwe gedëlleg gewaard bis hien nees optaucht ass an da si se zu puer op hien duer an hu probéiert, ee Stéck Fësch z'erwëschen. An hien huet si quasi gezeckt: hien ass ofgetaucht an dann e puer Meter virun hinnen nees ropkomm. All Kéier huet hien de Fësch an hir Richtung gehal an huet ee Stéck opgerappt oder ass op si zou geschwomm. 2 richteg grousser hat hie gefaang. Wann hien ënner Waasser war, hunn d'Méiwe gekuckt ob si seng Silhuette gesinn oder et ass eng vun hinne getaucht an huet gekuckt, wou hien ass.
ABLENKUNGSVERHALTEN VUM GOLDREGENPFEIFER
"Friess mech, ech sinn al..krank..blesséiert"
Wéi ech iwwer de Wanderwee zréck goung, ass hie viru menge Féiss geland an huet mat de Flilékke gewackelt a gemaach, wéi wann hien net fléie kéint. Domat huet hie vu sengem Nascht ofgelenkt.
RAUÐANES - "POINT RED"
Rauðanes ass eng einsam, awer landschaftlech immens schéin Hallefinsel am Nordosten bei Raufarhöfn, um
þistilfjörður - "Distelfjord"
Iwwer ee 7 km laangen, einfache Spadséierwee kënnt ee bei wonnerschéi wonnerschéi Fielser an et gesäit ee vun uewe Brandungshielen.
Háabjarg heescht de Cliff laangsch deen ee kënnt an en ass 60 m iwwer dem Mier.
Gluggur - "Fënster" - d'Foto mat der Fielsbréck, Lundastapar, a Gatastakk heeschen der 3 vun de Fielsstrukturen.
Um Stakkatorfa sëtze ganz vill Papageitaucher, déi aner si voll mat Méiwen.
Viru Joerhonnerten huet vulkanesch Aktivitéit ee klenge Lavastroum an d'Rëss vum Buedem gedréckt. Duerch Erosioun ass de Buedem ofgedro ginn an immens schéi Lavastrukture si stoe bliwwen.
RONDERËM ÞORSHÖFN
Laut der Legende huet de Gott THOR säin décken Hummer an d'Mëtt vun der Hallefinsel LANGANES geheit. Doduerch ass den Hafen (Höfn) entstan an d'Fëscherduerf huet dovu säin Numm - Þorshöfn - "Þors Hafen"
Goldregenpfeifer, Routpatt, isl. Schnepp, Odinshinnchen, Sandregenpfeifer, jonke Steinwälzer, Singschwan
(vun uewen no ënnen)
VU BAKKAGERÐI OP ÞORSHÖFN
Km a Km just iwwwer Schotter. Dann e puer Km Makadamm är de Schotter nees do war. Duerch eng schéin Ebene laangsch de Floss Jökulsá - "Gletscherfluss". Mat 206 km de 2. längste Floss an Island. Kënnt aus enger Schlucht an den Dall mat engem risege risege Flossbett duerch dat e just op enger Plaz leeft, wéi domools d'Sauer, wéi de Stau eidel war. Mam Ënnerscheed datt dat dëst Flossbett x-fach méi breet ass.
Géif dee gär gesinn, wann dee voll Waasser ass.
Phantastesch Schotterstrooss 4 km 14 % bierop an da vu bësse méi wéi der Hallschent vum Wee eng IMMENS Vue an den Dall an op d'Serpentine vun der Strooss.
BAKKAGERÐI
D'Duerf leit um " Borgarfjörður eystri". Et ass eng vun den ofgeleeënste Géigende vun Island. Trotzdeem sinn hei vill Touristen. D'Plaz ass bekannt dofir, datt een d'Papageitaucher vu GANZ no kucke kann.
Op der Hallefinsel "HAFNARHÓLMI" sinn 10 000 Brutpaare. Iwwer Holztrape kënnt een op verschidde Plattformen a vun do aus kann ee kucken.
Hei kann ee vill schéi Beobachtunge maachen: schnäbeln, Hausputz, Revéier verteidegen, raschten, d' Gefieder botzen, starten
(einfach) a landen (Bruchlandung). A wann een am spéiden Nomëtteg do ass, komme se mat Fësch am Schniewel fir déi Kleng ze fidderen.
Et sinn awer och Möwen do an op engem ofgesperrten Deel vun der Insel ass "Eiderenten Schutzgebiet".
Hei zu Bakkagerði ass den "Álfaborg" - den "Elfenhügel". Hei ass d'Residenz vun der Elfenkinnigin.
Nuets 12 Auer lokal Zäit - 2 Auer bei eis. No engem ganz schéine Liichtspill bei deem d'Bierger wonnerschéin ausgesinn hunn an iwwer dem Mier d'Sonn hiren déifste Punkt ereecht huet....
Obwuel ech der schonn oft gesinn hunn, muss ech se all Kéier kucke goen. Si si sou schéin....
Moies ware schonn 2 Waler am Fjord amgaang ze joen. Mëttes ware se nees do.
ZU SEYÐISFJÖRÐUR - "FJORD DER FEUERSTELLE" - WAR DEN 18.DEZEMBER 2020 DEE GRÉISSTEN ÄERDRUTSCH DEEN ET JEMOOLS AN ENGER BEWUNNTER REGIOUN AN
ISLAND GOUF
NO REKORD - REEN ASS OP E PUER PLAZEN DE BIERG GERUTSCHT. ET GOUF IMMENS VILL SCHUED. 13 HAISER WAREN NET MÉI BEWUNNBAR, ET GOUF VILL SCHUED AM TECHNESCHE MUSEUM. ZÄITEWEIS GOUFEN D'AWUNNER EVAKUÉIERT. GUTT WAR DATT KEE GESTUERWEN ASS.
BÚÐÁRARFOSS
GUFUFOSS- "DAMPFWASSERFALL"
UM WEE FIR OP SEYÐISFJÖRÐUR LÄIT TËSCHT 500 a 600 m NACH SCHNÉI AN D'WAASSER WAR ZUM DEEL NACH GEFRUER
UM WEE FIR BEI DE LOGEMENT
Ech war déi 2 Joer virdru scho puermol op Plazen - in the middle of nowhere - an do war et wonnerschéin. Mee fir deen hei Wee - eng Schotterstrooss mat 18% Steigung - feele mir d'Wieder: Onbeschreiflech schéin geet net duer. Bierger mat onmoosseg ville Waasserfäll, schnéibedeckt oder fräi, 26 km laang duerch Kéiere biergop a biergof an dann eng immens Vue op de Fjord.
Duerno a Serpentine géi de Bierg erof, 10 km laangsch de Fjord. An dann ass een am Dierfchen an do - net ze gleewen, ass d'Strooss aus... Makadam. Einfach nëmme schéin kann dat ganzt guernet beschreiwen....
Moies um Réckwee war d'Sonn eraus....
Hei am Duerf BREKKAÞORP - " Abhangdorf"- liewe just 14 Mënschen, am Summer natierlech
duerch den Tourismus méi.
D'Besëtzerin vum Logement huet ee Schëff mat deem si am Wanter 2x an der Woch rausfueren
fir dat noutwendegst ze kafen.
D'Strooss ass vun Novembet bis Abrëll zou!
Aus Neskaupstaður kënnt och 2x an der Woch eng Fähr.
VU REYKJAVÍK OP EGILSSTAÐIR - AUS DER LOFT GESINN
UHU -BABY
Ganz äerdeg sëtzt en op senger Plaz oder döst. Oder trëppelt vill hin an hier. Owes koum d'Mamm a souz uewendriwwer um Bam. Net wäit ewech souz op eemol de Papp an huet déi ganzen Zäit "Uhu" geruff an d'Mamm huet geäntwert. Heiandsdo huet een dee Klengen héiere lues "Chrrr" rufen.
Wéi mir bei den Auto goungen, souz deen een Uhu niewt dem Parking um Bam. Well et scho sou däischter war, ass seng Foto net sou däitlech.
Deen aneren Owend war ech mat enger Frëndin do. Do ass d'Mamm mat Fudder am Schniewel niewt dem Horst am Bam geland, awer leider net erofgeflunn. Si souz awer iergendwou, well dee Klengen huet déi ganzen Zäit riwwergekuckt a mam Kapp schlangenarteg Bewegunge gemaach. De Papp souz niewt eis an iergendengem Bam an huet geruff. Dee Klengen huet geäntwert, awer d'Mamm net.
BESTE STANDORTE JETZT
Op der App "Aurora" iwwer déi een Infos zu de Polarliichter kritt, huet d'Kaart am Minuttentakt geännert. Ganz séier ware bis a Südeuropa Meldungen. Et gesäit ee gutt déi kleng Inselen, wou een näischt gesinn huet an der Neucht.
MAGISCHEN NUETSHIMMEL
No e puer heftegen Explosiounen op der Sonn an deem stäerkste Stuerm zanter 2003 - 5 vu 5 op der Skala - gouf et Polarliichtalarm. Si fir 10 Auer op eng Kopp mat wéineg Liichtverschmutzung gefuer an hunn den Handy aus dem Auto gehal. An do ware se. Séier de Fotoapparat op d'Stativ, de Fernausléiser drop a lass goung et.
Et war onbeschreiflech schéin: iwwerall wuer ech d'Kamera higehal hunn, ware Polarliichter. Et war spéit, mee ech si bliwwen.
De Kp Wäert war permanent op 7 an op 8. An op eemol hunn ech se mat bloussem A gesinn. Sou wéi bei deenen am November, ass mir opgefall, datt d'Liicht sech geännert huet. An dann hunn ech ee rosaen an duerno ee roude Schimmer gesinn - net spektakulär mee ech hu se gesinn. Duerno war den Himmel vun uewe bis ënnen zougehaang mat enger wäisser Rido an dat war beandrockend. Déi huet ee sou gutt gesinn.
Wat interessant war, ass de Fait, datt ech se net just am Norden oder am Nord-Oste gesinn hunn. Mee si si wäit bis an de Süde gaang an och am Weste ware se nach ze gesinn.
An dat ganzt huet net just 1 Stonn oder e puer Minutte gedauert. Um 2 h2 15 an der Nuecht hunn ech mech op den Heemwee gemaach. Ënnerwee hunn ech nach eng Plaz entdeckt op der kaum Liichtverschmutzung ass.
Duerno sinn ech op déi Plaz gefuer, ob der ech se lescht Joer déi 2. Kéier gesinn hunn. Ech war net sécher domools obwuel engt drolegt gringt Liicht ze gesi war. Awer et waren der domools och, well gëschter war do nees ee gringt Liicht a rosa a mauve. Flott datt grad och d'Stärebild "Cassiopeia" do war. Doheem da konnt ech vun der Terrasse resp vun der Strooss aus knipsen.
Nodeems ech der um PC schonn eng Rei geläscht hat, sinn ech um 4 h 40 nach eemol raus a krut immens schéi mauve Fotoe mam Stärebild "Grousse Won" dran.
Dee ganzen Dag haut, Samsdeg, war Kp 8 oder souguer 9. Lo hoffen ech, datt den Owend nees eppes méi lass ass.
Well et sinn der nach gemeld, ass ebe just net sécher, ob mir der och nees kréien.
Ech sinn nach ëmmer iwwerwältegt: live gesinn an dat stonnelaang. Hunn nach nie héieren, datt se souvill Stonnen ouni Paus ze gesi sinn.
An dat war net just hei. D'Kaart vun der App "Aurora" huet ugewisen, wou déi beschte Plaz ass fir ze kucken. An Europa gouf et quasi flächendeckend Beobachtungen. Och hei am Land ware vill Beobachtungen. An awer heiandsdo eng "Fënster", an dann huet een do keng gesinn.
NO ENGEM WAARMEN DAG HUET HIEN OCH DUUSCHT
WËLLKAZ A MARDER
SI HUET SECH VUM HANDY DEEN ECH GANZ NO BÄI HAT IWWERHAAPT NET STÉIERE GELOOSS
EIGENTLECH WAR DEN APEL FIR D'VULLEN ...
NUETS WANN ECH SCHLOFEN
BËSCHMAUS
5.4. - déi 1. Kéier datt ech der gesinn. 3 minikleng Meis. Si si sou jonk, datt se beim Lafen nach Problemer hunn hiert Gläichgewiicht ze halen. Se kënnen och nach net an de Vullen hier Këscht mam Fudder raklammen.
13.4. - 14 Deeg nodeems ech se déi éischte Kéier gesinn hunn. Si komme lo ran an d' Këscht an och nees raus.
Mimdestens 2 Erwuessener sinn och do.
SCHÉINE MOUNDOPGANG
UHU
MAM FLILEK VUM WANDRAD DUERCH ENK STROOSSEN ZU MÄERZEG
SPEKTAKULÄR!!
Transport vum Heischter Bierg bis op d' Plaz net wäit vum Carelshaff. Départ war um 10 Auer, um 14 h 15 ware se do. Da gouf ofgelued. Fir déi 5 Minutten, déi se dofir gebraucht hunn, hu se iwwer 2 Stonnen virbereed:
sur place gedréint - Millimeteren ënnert dem Bam duerch, Schrauwe labber gemaach, Ophänkung drun. Deen 2 Kran mat Gewiichter geséchert. Duerno gouf d'Oplag vun der schmueler Säit vum Flilek mam Kran ënnert de Flilek gehuewen. Wéi dat gemaach war, goufen all d'Schrauwen op der Säit, op der de Flilek heino befestegt gëtt, rausgeholl. An dann hunn déi 2 Kraner a Millimeteraarbecht simultan de Flilek ugehuewen an dann uewen op d'Oplag opgeluecht an déi Oplag, mat deem se de Flilek opgehuewen hunn gouf ofgestallt.
FAARWEGEN HIMMEL
MOIES FRÉI UM 7 AUER
NATURE MEETS TECHNOLOGY
26 SËLWERREIHEREN AN ENGEM BIOPTOP, DEEN DE BIBER GEMAACH HUET, AM ÉISLEK
RAUBWÜRGER
BALZFLUG ROUT SCHÉIERSCHWÄNZ
"UNDER THE RAINBOW" UM WEILER WEIHER
BEIM WEILER WEIHER
Wëllkaz begéint Wäschbier
ÉISCHT BLÉIEN A BLIEDER AM MÄERZ
WONNERSCHÉIN
Och hinne schmaacht d'Fudder
BAUMEISTER BIBER:
Bei enger klitzeklenger Baach huet hie ronderëm de Bam gebaut an d'Äscht wider d'Steng vum Tunnel getesselt, duerch deen d'Baach ënnert der Strooss duerchleeft. Bësse méi rof ass och ee klengen Damm an et gesäit ee gutt, datt d'Waasser scho gestaut ass
AM FRÉIEN NOMËTTEG ASS HIE LAANGSCH D'DIER SPADSÉIERT - ECH KRUT EN NET OP D'KAMERA - WAR VILL ZEVILL ERSTAUNT - AWER OP DER WILDKAMERA ASS HIEN ZE GESINN.
POLARLIICHTER AM DEZEMBER - VUN DER KOPP TËSCHT WELSCHEN T A FEELEN RICHTUNG NORDEN
BADGER MEETS RACOON - DÉI ÉISCHTE KÉIER DÉI 2 ZESUMMEN OP DER FOTO
SATURDAY EVENING SUNSET
MISTY WINTER MORNING
BUURSCHTER SCHLASS AM NIWWEL
MËTTEGIESSEN
D'KAWECHELCHE RAPPT FLUSEN ERAUS FIR SÄI KOBEL ZE POLSTEREN
UN DER FUDDERPLAZ
WINTERWONDERLAND
2024 STARTING
DEZEMBER 2023 - ganz aktiv Biberen
ÄISZÄIT UGANGS DEZEMBER
HONGREG AN DUUSCHTEREG
EVENING LIGHT
MORNING LIGHT
GRUES INTER NUBILA - KRUKERTEN TËSCHENT DE WOLLEKEN
SONNDEGNOMËTTEG-SNACK
POLARLIICHT IWWER ETTELBRÉCK A BIIRDEN
Wat eng Chance. Wéinst dem schlechte Wieder hat ech décidéiert, den Owend net op d' Kopp ze fuere fir ze kucken, ob ech der gesinn. Well ech hu geduecht, et gesäit ee souwiesou keng bei deem Wieder. Wéi ech doheem ukoum, hunn ech awer mol Richtung Norde gekuckt an iwwer Biirden / Bourschent eent diffust Liicht gesinn. An do wosst ech, lo hues du enorm Chance, dat do ass Polarliicht. Direkt de Bierg erop an den Handy an déi Richtung gehal an dann hun ech se gesinn MENG ÉISCHT POLARLIICHTER.
Hoffe mol, datt muer, de 6.11. sou wéi gemeld, der nach eemol ze gesi sinn.
BAIE DE LA SOMME
NO ENGEM WONNERSCHÉINE SONNEGEN DAG NOM GEWALTEGE STUERM - EE WONNERSCHÉINE SONNENËNNERGANG ZU AULT
KÜST zu AULT mat de BEKANNTE KRÄIDFIELSEN
URGEWALT - D'WELLE SCHÉISSE STENG AUS DEM MIER MAT U LAND. D'PROMENDADE LOUCH VOLL, A SOUGUER GANZ DÉCKER LOUCHEN DO.
RÉSERVE ORNITHOLOGIQUE GRAND -LAVIERS
KORMORAN a LÄFFELINTEN
VIRUM STUERM
NOM REEN
PARC DU MARQUENTERRE
SPIESSENTEN
LÖFFLER
LÄFFELINTEN a SPIESSINTEN
IWWERHAAPT NET SCHEI
HOURDEL - SÉIHËNN
BEI MIR VIRUN DER DIER
MÉCHELA AM NIWWEL
REEBOU IWWER NACHER
OWESSTËMMUNG AM HIERSCHT
INDIAN SUMMER ZU WOOLTZ
SKY ON FIRE
Der frühe Fuchs fängt die Maus - oder auch nicht
DOUD UM SEIDENE FUEDEM
ALTWEIBERSUMMER
OWESSTËMMUNG
ALTWEIBERSUMMER 1
BEIEFRËSSER - EXOTEN NET WÄIT VUN DER GRENZ EWECH
IERGENDWOU UN DER SAUER
SUMMER 2023 - LËTZEBUERGER SCHÉINHEETEN
ÄISVULL - OP DER SICH NO FËSCH
FLUGSPILLER VUN 2 ROUDE SCHÉIERSCHWÄNZ
BANNE SEKONNEN HUET ET GESCHOTT WÉI MAT EEMEREN. ENG BEANDROCKEND FRONT MAT IMMENSE BLËTZER.
JONKE WEIBLECHEN HÉNKELENDÉIF- ROHRWEIHE
MEISTER ROTROCK
MILKY WAY
ËNNERWEE
KUERZ ÄR ET RICHTEG DÄISCHTER WAR,, VIRUM STÄERE KNIPPSEN
BEI MIR VUN DER TERRASSE AUS 10 m EWECH: SI WARE GANZ ENTSPANNT AN HUNN ZUM DEEL 1 H LAANG GEDÖST
DE JUPITER MAT SENGE 4 VUN IWWER 90 MOUNDEN - CALLISTO, EUROPA, GANYMED, IO . (awer wahrscheinlech net an der Reihenfolg) EEMOL UM 00:30 AN EEMOL UM 01:45)
MOUNDOPGANG ZESUMME MAM JUPITER DIREKT NIEWENDRUNN
MILKY WAY MAT FLIGEREN
MAKRO- SPILLEREIE MAT LIICHT A WAASSER
MAKROFOTOGRAFIE
VOLLMOUND AM AUGUST
JONKE BUSSAR
STÄERENHIMMEL
Endlech keng Wolléeken um Himmel.
D'Luuchte vun Ettelbréck am Hannergrond
Op der Foto gesäit deen de "Grousse Won" an riets ee Fliger.
(D' Foto mat 2 Fangere méi grouss maachen :) )
STÄRENHIMMEL mat MËLLECHSTROOSS
WONNERSCHÉINE BUSSAR AM JUGENDKLEED
ISLAND 2023
WEIßSCHNAUZENDELFIN
SCHNORCHELEN AN DER SILFRA SPALTE (SILFRA = SILBERNE FRAU)
2 - 3 Grad waarmt Waasser aus dem Gletscher Langjökull, dee 50 km wäit ewech ass. D'Waasser brauch 30 - 100 Joer bis et duerch dat poröst Lavagestengs ukënnt. Doduerch gëtt et gefiltert an ass kristallkloer. An et schmaacht immens gutt.
D' Silfraspalte ass virun 135 Millioune Joer entstan, well Island auserneen drift an dat pro Joer 2 cm. Island leit um mëttelatlantesche Réck an op 2 Kontinentalplaquen, der eurasescher an der nordamerikanescher. All Joer gëtt d'Silfra 7 mm méi breet. Et ass déi eenzeg Plaz op der ganzer Welt, op der een tëschent de Kontinenter tauchen oder schnorchele kann. Et muss een net vill aktiv schwammen, well d'Stréimung ee mathëlt.
BUCKELWAL
RIPPENQUALLE
BASSTÖLPEL
HERINGSMÖWE
REIHERENTE
REYKJANESVITI
GRÆNAVATN - GRÜNES WASSER
Ënnerwee um Réckwee
THERMALGEBIDD GUNNUHVER
De Buedem ënnert de Quellen ass méi wéi 300 Grad waarm. D'Waasser ass Reewaasser. Ausserdeem gëtt et Schlammquellen a Fulmarolen (Plazen, aus deene Waasserdamp an heiandsdo Vulkangas aus dem Buedem kënnt.) De Gunnahver ass net just d'Schlammquell, mee och de Vulkan.
GUNNUHVER
Laut enger Sage kënnt den Numm vum Gunna. D'Gunna konnt säi Proprietaire net méi bezuelen an hien huet him säin eenzegt Kachdëppe weggeholl. Hat ass erhingert. Wéi d'Doudegriewer seng Lued op de Kierfecht gedro hunn, hu se gemierkt, datt déi ëmmer méi liicht ginn ass. A während se d'Graf ausgehuewen hunn, hu si d'Gunna héiere pësperen:"Net déif gruewen, ech wëll net laang leien."
An der Nuecht nom Begriefnis gouf de Proprietaire mat gebrachene Schanken dout ob engem Feld fonnt. Och seng Fra war kuerz drop dout. D'Gunna huet dauernd an der Ëmgéigend gespukt. D'Mënschen hunn hat "gesinn", si verréckt ginn a gestuerwen. D'Leit hunn Hëllef beim Paschtouer gesicht. Dee war den Zauberer. Hien huet de Leit Woll ginn. D'Gunna sollt de Wutz dovun upaken a si sollten d'Plott dann dohi geheien, wou hatt kee Schued méi maache kann. D'Gunna ass dem Fuedem nogaang an ass an déi gliddeg Quell gefall. An d'Leit hu se dann no hin benannt. Heiandsdo sollen "hellsichteg" Leit hart gesinn um Bord vum Krater balancéieren.
RAUFARHÓLSHELLIR
Den Tunnel ass viru 5200 Joer entstan, bei der Leitahraun-Eruptioun. D'Uewerfläch ass séier ofgekillt a ganz fest ginn. Wéi d' Eruptioun eriwwer, war, koum keng Lava méi no an den Tunnel ass bliwwen. Et ass deen 3. längste Lavatunnel an Island. Insgesamt 1360 m laang. Den Haapttunnel ass 900 m laang a souwäit geet ee mam Guide. Am ganzen ass een 1 Stonn ënnerwee. Dee Rescht kann oen och kucke goen, mee dat dauert 3 - 4 Stonnen an ass méi abenteuerlech: just Täscheluucht um Casque a vill klammen.
Fréier war d' Hiel fräi zougängeg. Mee d'Leit hu Stalaktiten ofgebrach a vill Knacht hannerlooss.
Déi rout Faarw entsteet duerch Eisen, déi giel duech Schwiefel.
Dat wäisst si Bakterien, déi am Däischteren an der Hiel liewen.
Um Plafong hänken dënn Stalaktiten. Si nenne se " Lavastréihallem" , well se laang, dënn an huel,sinn.
Kleng Stalaktite vun der Lava. Et gesäit ee gutt déi eenzel Schichten, vun de verschiddenen Héichten, déi d' Lava hat.
Dat, war glänzt, ass Vulkanglas.
LITLI - HRÚTUR KLEINER WIDDER
Net sou no wéi lescht Joer, awer méi no wéi virun 2 Wochen. Si hunn een neie Wee fräiginn.
Op der anerer Säit um Bierg souzen och vill Leit, déi hunn direkt vun uewen an de Krater ragesinn. Mee dat ass ee Wee vu bal 8 Stonnen hin an zeréck, schätzt de Pompjee, deen ech gefrot hunn. Seng Kollegen hätte man Auto schon 45 Minutte gebraucht.
Treffpunkt Lava an da geet et no lénks weider an den Dall.
D'Lava leeft an de Süden, déi ganz Regioun ass onbewunnt, och den Dall, wou 2021 an 2022 d'Eruptioune waren. Déi nei Lava leeft lo schonn iwwer déi al.
Wéi sot een, dee mat der Drohn Filmer dréint a mat Wëssenschaftler zesummeschafft:
"Wann dir wëllt fir all Éiwegkeet Deel vun der islännescher Landschaft ginn, dann trëppelt op déi frësch Lava."
"1200 Grad, dat ass wéi am Krematorium, do bleift näischt méi vun dir iwwreg ausser Stëbs" , sot een aneren.
Hat mat der Proprietärin vu mengem Guesthouse driwwer geschwat. Si ass bei der Feierbrigade. Si sot, wann een abrécht, ass näischt méi ze maachen, do ass keng Hëllef méiglech an et geet och kee probéieren ze hëllefen. Si kéinten och näischt aneres maachen, wéi ëmmer nees ze soen, bleift ewech.
REGENBRACHVOGEL
EYJAFJALLAJÖKULL - INSELBERGGLETSCHER (EIJÄFJÄTLÄJÖKYTL)
Dee Vulkan, deen 2010 dofir gesuergt huet, datt iwwer Europa keng Fligere fléien.
Vum Päerd ausgesinn.
VUN UEWEN UM BIERG - SCHÉINE CANYON
EYJAFJALLA - INSELBERG
Mam Päerd op de Bierg an net wäit vum Eyjafjalla Paus gemaach.
Inselbierg heescht de Bierg wéinst de "Landeyar - de Landinselen". Dat si fielseg Erhebungen um Sander tëscht dem Mier an de Bierger. Si rage schroff aus der völlig flaache Sandebenen eraus a waren tatsächlech a fréierer Zäit oft Inselen, är d'Gletscherläufe bei vulkaneschen Eruptiounen d' Linn vun der Küst an d' Mier geréckelt hunn. Sander kënnt vum islännesche Wuert Sandur an ass eng Schotterebene. Déi si breet a schwaach geneigt a goufe virum Äisrand vun engem Inlandäis oder engem Gletscher gebild.
SCHMAROTZERRAUBMÖWE
Endlech eemol vun no gesinn.
STERNTAUCHER
MOUNDLANDSCHAFT
Kilometerwäit onbewunnte Landschaft, deelweis 30 km wäit a méi.
Déi eng Säit de Gletscher mat Moundlandschaft oder Lavasteng mat Moos, déi aner Säit wäit ewech d' Mier an déiselwecht Landschaft.
VESTRA HORN och BATMAN-BIERG genannt.
SKARÐSFJÖRÐUR
ONVIRSTELLBAR BREET
Jökulsá - Gletscherfluss (Jökull = Gletscher, á = Floss)
Gläich e puer Flëss hunn deen Numm, meeschtens nach mat engem zweeten dobäi. Am Summer ass deelweis net vill Waasser dran. Mee wéivill dees dra ka sinn, gesäit een un der Breet vum Floss e puer Kilometer virun der Mündung an d'Mier an un den onmoosseg ville Steng.
Laangsch d'Säiten ass meeschtens een Damm.
Plazeweis gesäit ee Baggere Steng eraushuelen.... Mat deene kënne se sur place eng nei Strooss bauen.
ËNNERWEE
VATNAJÖKULL - WAASSERGLETSCHER AWER JUST 1 DEEL DOVUN
De Vatnajökull bedeckt circa 8 % vun Island mat enger Fläch Äis vun 8 100 km2. (Lëtzebuerg 2 586 km2).
D'Äis ass tëscht 400 an 900 m déck an huet ee Volume vun 3300 km3.
Et ass dee gréisste Gletscher an Europa ausserhalb vun de Polargebidder an e bedeckt eng Rei vu Vulkansystemer.
Iwwerall gesäit ee Gletscherzonge bis an den Dall kommen.
Et gesäit ee ganz gutt, datt vill Äis verschwënnt an am Verglach mat leschtem Joer ass immens vill Äis op der enger Gletscherzong verschwonn.
HONGEREG KÜSTESÉISCHMUEWELEN
Vill Geruffs an der Loft an um Buedem. An et gëtt probéiert, der anerer am Flug de Fësch ze klauen. Kënnt awer ee Feind - haut Skua an direkt drop eng grouss Méiw, verjoen déi Erwuessen se zesummen.
Küsteséischmuewele bréien an den nërdleche Polarregiounen an iwwerwanteren um Rand vun der antarktescher Packäiszon.
An der Migratiounszäit leeë si
30 000
km aller-retour zeréck, souvill wéi soss keng Vullenaart. Bei engem Vull mat Sensor gouf festgestallt, datt deen
96 000
km an
10
Méint zeréckgeluecht huet. Si kënne maximal ca
520
km wäit den Dag fléien. Doduerch datt si de polare Summer vun Arktis an Antarktis notzen, hu si zousätzlech de Virdeel, datt 8 Méint laang Dag an Nuecht d'Sonn schéngt. Dat hëlleft hinnen Nahrung ze fanne well si visuell joen.
FALLJÖKULL - FALLENDER GLETSCHER
De Falljökull ass ee Gletscher aus der Caldera vum Öræfajökull (Einöde-Gletscher), engem Vulkan am Vatnajökull-Massiv (Wassergletscher). Dat grousst Lach ass duerch d'Afale vum Buedem entstan. Deen ass ganz onstabil, well ënnendrënner vill Waasser leeft, huet eng Guidin mir erkläert, déi grad mat engem Grupp op de Gletscher goung. Lescht Woch war et nach méi kleng sot si a si hätt haut een neit gesinn. Bei der Gletscherwand mam Waasser fale permanent Sand a Steng vun uewen erof. Iwwer dee ganzen Deel leeft iweerall Waasser rof
UM CAMPING AM NATIONALPARK SKAFTAFELL
SONN NO DÉCKE WOLLÉKEN
D'BIERGER "DÄMPEN"
EE LACH AM HIMMEL A KUERZ DROP ASS D'SONN NEES DO, NO ENGEM GANZEN DAG WOLLÉKEN.
DIAMANT BEACH
Owes wann d'Sonn ënnergeet, spigelt se sech an den Äisstécker.
Iwwerall laangsch d'Plage leie grouss a kleng Stécker.
Op de Fotoe vum "Mini-Äis-Wutz" um grousse Klotz spigelt sech net d'Sonn, mee d'Leit.
JÖKULSÁRLÓN - GLETSCHERFLUSSLAGUNE
Et kann ee laangsch d'Waasser trëppelen oder mat engem Zodiaq oder dem Amphibiefahrzeug rausfueren. Ech war am Amphibiefahrzeug mat.
Dëse Gletscherséi ass der gréissten an Island. Mat 284 m ass et den déifste Séi am ganze Land.
War en 1975 just 7,9 km2 grouss, huet e mëttlerweil 18 km2, well de Gletscher schmëlzt. All Joer gëtt de Gletscher 300 m méi kuerz.
IWWER DEM GLETSCHER
SVARTIFOSS - SCHWAARZE WAASSERFALL
Ongewéinlech regelméisseg Basaltsäule bilden d'"Mauer" vum Waasserfall.
Dës si virun 300 000 Joer entstan, wéi d' Lava vum Skaftafellsheiði
an een aalt Flossbett gefall ass.
Duerch dat luest Ofkillen an ee gewëssen Drock entsti 6 -eckeg Säulen.
Ënnerwee sinn nach e puer kleng Waasserfäll an et kann een iwwer de Rundweg nees rofgoen.
Deen anere Wee leeft op der anerer Säit vun der Schlucht iwwer de Plateau, iwwer eng Baach a deej schmuele Wee zeréck.
SCHWAARZ PLAGE REYNISFJARA
D'Plage besteet aus Sand an aus enorm ville klengen a mëttelgrousse Steng, dei meeschtens gro sinn resp pechschwaarz, wa se naass sinn.
Dertëschent fënnt een awer och aner Faarwen.
Déi schwaarz Faarw ass duerch d'Erosioun vu vulkanesche Steng entstan. Wéi d''Lava ofgekillt ass, ass se schwaarz ginn.
Reynisfjara ass dee berühmteste schwaarze Sandstrand an Island
a war 1991 op der Lëscht vun den TOP 10 "net tropesch Plagen" op der Welt.
Et ass awer eng net ongeféierlech Plaz. Hei kënnen urplötzlich immens grouss Wellen entstoen a si kënne wäit erop op d'Plage kommen. Et gëtt ee gär matgerappt an dat äisegt Mier, well se och fir zeréck eng enorm Kraaft hunn. Dat ass meeschtens déidlech, well ee wäit eraus gedriwwe gëtt an zimlech séier ënnergeet, well ee sech vu Keelt bal net méi beweege kann. Et gëtt och virun de "Killerwaves" gewarnt an et ass ee Luuchtesystem do, gring, orange, rout Haut war enorm vill Loft an déi orange Luucht war un..
BASALTSÄULEN REYNISDRANGAR
Am Bierg Reynisfjall ass eng immens Hiel aus ville Basaltsteng. Wa schlecht Wieder ass op der Plage, kann ee sech do ënnerstellen.
D'Hiel gouf scho ganz fréi an der Geschicht vu midde Reesenden a vu clevere Schof benotzt.
FELSZINNEN BEIM REYNISFJALL
Der islännescher Legend no sinn dës Spëtzen d'Iwwerreschter vun engem Kampf tëschent engem 3- Mast-Schëff an 2 lokalen Trollen. D'Sonneliicht huet si 2 a Stee verwandelt an d'Schëff war fir all Éiwegkeet mat hinne gefaang a formt eng Grupp vu "Seespitzen", déi haut als Reynisdrangar-Kolumne bekannt sinn.
LANDMANNALAUGAR JEEP TOUR
Op 600 m Héicht, ëmgi vu faarwege Rhyolithbierger an engem risegen Obsidianstroum ass Landmannalaugar. Rhyolith oder Liparit ass ee kieselsäurehaltigen, réitlechen, gielbrongen oder gringelzichen Ergusssteen. Je no Sonnestand oder Loftfiichtegkeet erstrahlen d'Bierger a liichtende Faarwen.
EISE GUIDE SIGGI MAM HIGHLAND JEEP
HIGHLAND JEEP
Mat dem "Schlauch" gëtt während der Fahrt Loft aus de Pneue gelooss oder dragemaach.
MOUNDLANDSCHAFT
Um Wee fir an den Dall war et, wéi wann een um Mound géif fueren. Guernäischt ausser Lava a Steng. No an no ass et méi gring ginn
TROLLEN
Laut der islännescher Legend, sinn d' Lavafielse verstengert Trollen. Wa si nuets op der Juegd waren an et net gepackt hu viru Sonnenopgang nees ënnert dem Buedem ze sinn, si se verstengert well d' Sonn op si geschéngt huet.
OP E PUER PLAZE MUSS EEN DUERCH D'WAASSER FUEREN.
Mam Jeep kee Problem, do kann d' Waasser bis uewen un d'Fënster goen. Awer kleng Autoen, déi eigentlech guernet dierften hei fueren, kréien ee Problem. Net nëmmen, datt d'Leit den Auto evt. futti maachen. Mee et gëtt si och eng richteg deier Affaire mat der Locatiounsfirma.
FLOSSBETT OUNI FLOSS AN DËSER JORESZÄIT.
Am Wanter ass d' Strooss net befuerbar, da fuere se iwwer d' Steng an de Schnéi am Floss a versiche kee
Schued am Floss ze maachen.
EEN DRAACH, DEEN AN DER LANDSCHAFT SCHLÉIFT.
AN ALL ECK ANER FAARWEN, ONBESCHREIFLECH SCHÉIN. AN DAT OUNI SONN. A WÉI SOLL ET MAT SONN AUSGESINN?
LJÒTI POLLUR - ELLENE PULL
SIGÖLDUGLJÙFUR
SIGÖLDUFOSS
THJÒFAFOSS - TIEFER WASSERFALL
DYRHÓLAEY - LEUCHTTURM OP DER KLIPPE
DYRHÓLAEY-TÜRLOCHFELSEN
Aus der anerer Richtung, owes.
Et gëtt ugeholl, datt d'Insel Dyrhólaey viru gutt 80 000 Joer duerch ee submarine Vulkanausbroch
entstan ass.
LUNDI - PAPAGEITAUCHER
Si sinn hei op der Hallefinsel iwwerhaapt net schei. Op der 2. Plaz, op der ech war, si se direkt virun de Leit geland a souzen deelweis net mol 0,5 m wäit ewech.
DYRHÓLAEY - TÜRLOCHINSEL
Duerch dat grousst Lach kann ee mam Boot duerchfueren.
SKÓGAFOSS - WALDWASSERFALL
Iwwer 500 Trepléken erop an da kann ee vun uewen op de Skógafoss kucken.
Um Floss Skóga sinn iwwer 20 aner, méi kleng Waasserfäll. Laangsch de Floss verleeft ee beléiften Hiking Trail, deen iwwer de Vulkan Eyjafjalljökull an den aneren Dall féiert
SCHMALBLÄTTRIGES WOLLGRAS
SELJALANDSFOSS
Et kann een hannert dem Seljalandsfoss laangschgoen.
GLJÚFABRÚI - DER IN DER SCHLUCHT LEBT
Et geet een duerch ee Schloff eran an d'Hiel, duerch Waasser an iwwer Trëttsteng. An dann ass ee Lach am "Plafong" an d'Waasser fällt an d'Hiel.
MENG WONSCHFOTO...MAT FËSCH
URRIDAFOSS
Dee waasserräichste Waasserfall mat 360 m3/Sekonn. Am Fréijoer souguer 1000-1500 m3/Sekonn.
De Floss Pjórsá ass 230 km laang an huet een Einzugsgebitt vu 7670 km2, dat ass 3x sou grouss wéi Lëtzebuerg!
Am Wanter kann en zoufréieren.
ZU SELFOSS LIEWEN DÉI BEI ONS ÉISCHTER SCHEI RAMMEN MATTEN AN DER STAT.
ROTSCHENKEL
GOLDREGENPFEIFER
REYKJALADUR - RAUCHENDES TAL
An der klenger Baach kann een dra sëtzen oder sech dra leeën. Schnuckeleg waarm.
ÞINGVELLIR NAIONALPARK
D^Küsteséischmuebel sicht an de Blummen no Insekten.
STERNTAUCHER
SILFRA SPALTE - SILBERNE FRAU
Hei kann een tëscht der eurasischer an der nordamerikanescher Kontinentalplatte tauchen oder schnorchelen.
NEIE VULKAN
Nuets um 10 Auer war ech do. Méi no un de Krater ru koum een net, zevill Lava, zevill Damp.
Awer mir koume bis circa 30 m un d'Lava run. Schnuckeleg waarm.
Et ware vill Leit vun der islännescher Protection civile do. Si sinn engem Grupp Leit mat enger Zort Buggy nogefuer
an hu si opgefuerdert, aus dem verbrannte Moos an aus der verbuedener Zon rauszegoen.
1 vun deenen aneren huet op enger Päif gepaff, datt d'Leit et héieren an huet zeréckgeruff.
üUM SCHËLD STEET:"WARTEN SIE AUF EIN TAXI."
Da kënnt den Auto, stellt sech virun deen 1. Auto an der Rei virun der rouder Luucht a fiert duerch de Chantier.
GRÁBRÓK
3000 Joer aalt Lavafeld mat 3 Krateren un enger7 km laanger Vulkanspalte.
ENG SHELFCLOUD GËTT ZU ENGER SUPERZELL BEI FEELEN
NUETS BEI MIR DOHEEM
BIBERTIME
FRÉISUMMER
Orchideeën zu Lëtzebuerg
LAC DU DER am NOVEMBER
DOHEEM - DAG an NUECHT a SOSS ANZWOUCH
SONNENËNNERGANG AM SAHARASTËBS 2022
COPYRIGHT PASCALE KARGER 2023